Zeréck bei den Inhalt

Féieren all Reliounen zu Gott?

Féieren all Reliounen zu Gott?

D’Äntwert aus der Bibel

 Nee, dat ass net de Fall. An der Bibel gëtt et vill Beispiller fir Reliounen, déi Gott net akzeptéiert. Et kann een dës Reliounen an zwou grouss Kategorien opdeelen.

1. Reliounen, déi falsch Gëtter ubieden

 D’Bibel beschreift d’Ubiedung vu falsche Gëtter als eng Illusioun, déi sënnlos an onnëtz ass (Jeremia 10:3-5; 16:19, 20). Jehova a Gott huet fréier dem Vollek Israel gesot: „Du sollst außer mir keine anderen Götter haben“ (2. Mose 20:3, 23; 23:24). Ëmmer wann d’Israelitten aner Gëtter ugebiet hunn, ass Jehova immens rose ginn (4. Mose 25:3; 3. Mose 20:2; Richter 2:13, 14).

 Gott denkt haut nach ëmmer d’selwecht iwwer d’Ubiedung vun „sougenanntene Gëtter“ (1. Korinther 8:5, 6; Galater 4:8). Hie fuerdert all déi op, déi hien ubiede wëllen, sech vun dëse falsche Reliounen ze distanzéieren. Hie seet: „Kommt aus hirer Mëtt eraus an trennt iech vun hinnen“ (2. Korinther 6:14-17, BFL). Wann all Reliounen zu Gott féieren, firwat soll hien dann esou ee Gebot ginn?

2. Reliounen, déi Gott op déi falsch Manéier ubieden

 DʼIsraelitten hunn heiansdo Gott ugebiet andeems si Usiichten a Bräich vun der falscher Relioun iwwerholl hunn. Awer Jehova huet ni akzeptéiert, datt een déi richteg Relioun mat der falscher vermëscht (2. Mose 32:8; 5. Mose 12:2-4). Wéi Jesus op der Äerd war, huet hien déi reliéis Führer verurteelt wéinst der Aart a Weis, wéi si Gott uegebiet hunn. No baussen hin, hu si fromm gewierkt, awer a Wierklechkeet ware si nëmmen Heuchler. Hie sot hinnen: „Das Wichtigere im Gesetz von Moses - Gerechtigkeit, Barmherzigkeit und Treue -, das habt ihr vernachlässigt“ (Matthäus 23:23).

 Haut ass et d’selwecht. Nëmmen d’Relioun, déi op d’Wouerecht baséiert, féiert zu Gott. An dës Wouerecht fënnt een an der Bibel (Johannes 4:24; 17:17; 2. Timotheus 3:16, 17). Reliounen déi eppes léieren, wat net mat der Bibel iwwerenee stëmmt, féieren d’Leit vu Gott ewech. Vill Léieren, wou een unhëlt si kéimen aus der Bibel, zum Beispill d’Dräieenegkeet, d’onstierflech Séil oder dʼHäll, kommen a Wierklechkeet aus der falscher Relioun. E Glawen, deen op esou Léiere baséiert, ass ëmsoss, well d’Wouerecht aus der Bibel mat reliéisen Traditiounen ersat gëtt (Markus 7:7, 8).

 Gott haasst d’Schäinhellegkeet vun de falsche Reliounen (Titus 1:16). Eng Relioun däerf net nëmmen aus Ritualen a Formalitéite bestoen. Mee, fir datt si Mënsche wierklech zu Gott féiert, muss se och en echten Afloss op hiert Liewen hunn. An der Bibel steet zum Beispill: „Wenn jemand sich für religiös hält, aber seine Zunge nicht fest im Griff behält, betrügt er sein eigenes Herz und seine Anbetung ist sinnlos. Die Religion, die vom Standpunkt unseres Gottes und Vaters aus rein und makellos ist, sieht so aus: nach Waisenkindern und Witwen in ihrer Not zu sehen und unbefleckt von der Welt zu bleiben“ (Jakobus 1:26, 27; Foussnouten). An der Van-Eß-Bibel gëtt dës Form vun Ubiedung als „reine, unbefleckte Religion“ bezeechent.