Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 89

Lauschter op Gott säi Wuert

Lauschter op Gott säi Wuert

(Lukas 11:28)

  1. 1. Eis Léift fir Jesus mir all wëlle weisen,

    eng Luucht seng Wierder op eisem Wee sinn.

    Et mécht eis glécklech, wa mir dono liewen,

    mir all vu Gott sou geseent kënne ginn.

    (REFRAIN)

    Lauschter dach op Gott säi Wuert.

    Lief sou, wéi hien dir et seet.

    Denk drun, hie schenkt dir vill Seegen a Freed!

    Lauschter dach op Gott säi Wuert.

  2. 2. Well mir op Jesus seng Leedung vertrauen,

    gëtt Gott eis Schutz, ass fir eis wéi en Tuerm.

    Wa mir eist Glawenshaus op e Fiels bauen,

    da steet et fest, och bei Wellen a Stuerm.

    (REFRAIN)

    Lauschter dach op Gott säi Wuert.

    Lief sou, wéi hien dir et seet.

    Denk drun, hie schenkt dir vill Seegen a Freed!

    Lauschter dach op Gott säi Wuert.

  3. 3. Wien op Gott lauschtert, vill Seege wäert kréien,

    ass wéi e Bam, dee ganz no beim Floss steet.

    Jehova all senge Kanner schenkt Liewen,

    fir ëmmer glécklech ass, wien säi Wee geet.

    (REFRAIN)

    Lauschter dach op Gott säi Wuert.

    Lief sou, wéi hien dir et seet.

    Denk drun, hie schenkt dir vill Seegen a Freed!

    Lauschter dach op Gott säi Wuert.